Psychologue oder Pédagogue – Service SAS (m/w/x)

Full time @APEMH Hébergement et Services A.S.B.L in Health Care
  • Post Date : December 8, 2024
  • Salary: €5,500.00 - €7,500.00 / Monthly
  • 6 Click(s)
  • View(s) 50
Email Job
  • Share:

Job Detail

  • Career Level Manager
  • Experience 3 Years
  • Industry Health
  • Qualifications Medical

Job Description

Job description

Een Psychologue oder Pédagogue – Service SAS (m/w/x)

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir d‘Begleedung vun Equipen an erwuessene Léit mat intellektueller Beanträchtegung um Wee an d’Autonomie – een Psychologue (Master en psychologie) oder Pédagogue (Master en pédagogie) (w/m/x) fir ee CDD – 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch a fir e Remplacement vun engem Congé parental.

Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).

Am Fall vun enger Astellung, gett een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

RESPONSABILITÉITEN

·        Ennerstëtzung vun de Professionellen an der Begleedung vun erwuessene Menschen mat intellektueller Beanträchtegung: individuell Gespréicher, Team-Versammlungen.
·        Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung : Gespréicher & Interventioun bei Urgencen, Analysen vu Situatiounen, Evaluatiounsgespréicher & Bilanen, Orientatioun un aner Servicer.
·        Ennerstëtzung bei der Koordinatioun vun de Servicer & der Wéiderentwécklung vun de Konzepter.
·        Animatioun vu Formatiounsmoduler fir d’Wësse vun de Professionellen ze erweideren.

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

D’Kandidate sollen:

● am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (Master) sinn,
● iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen,
● eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen,
● déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen,
● de Führerschäin Klass B hunn.

WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN

Erfarung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Job location

ESCH-SUR-ALZETTE, Luxembourg